Leit hate sech Suerge gemaachRout Waasser an der Kläranlag ass zeréckzeféieren op e Schluechtbetrib

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Manternach a Wecker ass Leit en Donneschdeg opgefall, datt d'Waasser an enger Kläranlag vu Sidest ganz rout war an och staark no Blutt geroch huet.
© Domingos Oliveira

Op Nofro hi sot eis den Direkter vu Sidest, datt dat mat den Aktivitéite vun engem grousse Schluechtbetrib an der Géigend zesummenhänkt an e Phenomen wier, deen ee gutt géif kennen.
Allkéiers, wa geschluecht géif ginn, da géif een dat an der Kläranlag gesinn.

Et géif sech ëm Wäschwaasser handelen a grad an enger klenger Kläranlag géif dat direkt opfale, well Blutt staark fierft.

Back to Top
CIM LOGO