Luxair-Generaldirekter virun Demissioun?"Rumeuren ouni all Substanz", esou de François Bausch

Roy Grotz
Esou bezeechent de Mobilitéitsminister RTL géintiwwer d'Nouvelle, datt de Luxair-Generaldirekter soll no nëmmen 2 Joer viru senger Demissioun stoen.

D’Wort hat e Méindeg de Moien um Online-Site gemellt, datt d’Decisioun iwwert den Depart vum Gilles Feith soll op der Aviatiouns-Tripartite falen, déi an enger Woch ass.

Weider schreift d’Zeitung, datt de Gilles Feith bei LuxAirport géif wiesselen, wou de René Steinhaus misst als CEO ersat ginn.

Hannergrond wieren en ongesond Aarbechtsklima an e schlechte Management bei der nationaler Airline, déi aktuell zerguttst Turbulenze mat mécht.

Och an der Emissioun “Background” hat de Minister Bausch ewell op eiser Antenne e Samschdeg betount, datt d’Léisungen, déi an der sektorieller Tripartite fir d’Luxair gesicht ginn, keen direkten Impakt op d’Leit an der Direktioun hätten.

François Bausch äntwert op parlamentaresch Fro

Datt de Luxair-Generaldirekter no nëmmen 2 Joer virun der Demissioun steet, ass zanter e Méindeg eng Rumeur, déi initial am Wort ze liesen stoung an entretemps op eiser Antenne vum zoustännegen Minister als “net fondéiert” zréckgewise gouf.

Dat ganzt mécht de Minister François Bausch och lo nach emol schrëftlech a seet, datt d’Informatioun iwwert e méiglechen Depart vum Gilles Feith “komplett aus der Loft gegraff a falsch” ass.

Dat schreift de grénge Minister nëmmen een Dag nodeem hien eng urgent parlamentaresch Fro vun der CSV gestallt krut, woubäi awer d’Urgence guer net unerkannt gi war an d’Äntwert u sech Zäit gehat hätt.

Am Wort hat et geheescht, datt dem Gilles Feith seng Management-Methoden intern bei der Luxair ëmstridde wieren, an datt hie wuel géif als neie Chef bei LuxAirport wiesselen.

Den nächsten Méindeg ass iwwerdeem d’Aviatiouns-Tripartite beieneen, déi d’Gewerkschaften mat enger grousser Manifestatioun encadréieren, fir d’aktuell Situatioun bei der Airline ze denoncéieren.

PDF: Dréngend parlamentaresch Fro vum Gilles Roth a vum Serge Wilmes (19.09.2022)

Back to Top
CIM LOGO