Bus an der Stad an eng Fassad geranntE Buschauffer hat vergiess, d'Handbrems unzezéien

RTL Lëtzebuerg
De Stater Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt huet e Méindeg am Kader vun enger Gemengerotssëtzung Detailer iwwert d'Ursaach vum Accident genannt
De Bus kuerz nom Accident.
De Bus kuerz nom Accident.
© RTL

En Dënschdeg de 14. Abrëll war et an der Stad zu engem Accident komm, bei deem e Bus fir d'éischt en Auto ze pake kritt hat an duerno an eng Fassad gerannt war. Dräi Persoune waren heibäi blesséiert ginn.

E Méindeg huet de Stater Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt am Kader vun enger Gemengerotssëtzung Detailer iwwert d'Ursaach vum Accident genannt. Deemno wier e Buschauffer op engem Arrêt aus sengem Gefier geklommen an hätt vergiess gehat, d'Handbrems ze zéien, sou de Patrick Goldschmidt. De Chauffer géing antëscht dann och kee Bus méi fueren, sou de Stater Verkéiersschäffen géigeniwwer Essentiel.

Back to Top
CIM LOGO