
Ënner anerem gouf iwwer déi Affären diskutéiert, déi an de leschten Deeg an der Aktualitéit waren. Duerno gëtt een am Schreiwes awer net vill méi gewuer.
D'Finanzdirektesch Sandra Thein iwwerhëlt d'Gestioun an enger Iwwergangsphas, heescht et an engem Schreiwes en Dënschdeg de Mëtteg, vue dass de Generaldirekter Claude Schummer zanter leschter Woch net méi op sengem Büro ass. Et gëtt eng intern Enquête wéinst de rezente Mobbingreproche gemaach.