Fir si an dëse Zäiten z’ënnerstëtzen, hëlleft d’Associatioun Stroossenglen. Zum Beispill kréie se ee waarmt Iessen, Gedrénks a Kleeder.
Besonnesch Sans-Abrisen leiden am meeschten ënnert der Corona-Kris. Ënnert anerem, well se wärend dem Lockdown wéineg Spende kruten, ebe well manner Leit an der Stad waren. D’Stroossenenglen hëllefen hinne wärend dëser schwiereger Zäit mat enger waarmer Moolzecht a Gedrénks. Dowéinst kënnt d’Associatioun mat engem Won bei d’Leit.
Donieft hëlleft d’Asbl de Sans-Abrisen ënnert anerem mat Kleeder, Decken a Schong, grad wéi si a verschidde Strukturen vum Staat z’orientéieren. D’Associatioun gëtt vun 15 Benevolle gefouert.
Owes hëllefe meeschtens eng 8 Benevoller an der Stad. Fir dëse Service wärend der Corona-Kris kënnen z’assuréieren, krut d’Associatioun eng Autorisatioun vun der Police.
Am Duerchschnëtt ginn eng 30 Sans-Abrise mat enger Moolzecht versuergt. Se freeë sech op dës Ënnerstëtzung.
Fir d’Benevollen a Sans-Abrisen nach besser ze protegéieren, gëlle streng Sécherheets-an Hygiènesmesuren. Ënnert anerem mussen d’Benevoller eng Mask an Händschen un hunn, an ee Sécherheetsofstand anhalen.
D’Associatioun Strossenenglen gouf 2018 gegrënnt an ass weiderhin op Spenden ugewisen.
