CGDISScheier a Flamen zu Réiser, weder Déieren nach Leit goufe blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Brand an der Rue Schlammestee zu Réiser waren en Donneschdeg am Zentrum a ronderëm Réiser eng Partie Stroosse gespaart.
Brand zu Réiser - Scheier stoung a Flamen
Dat huet um Donneschdeg de Moien nawell vir zolidd Problemer am Trafic an där Géigend gesuergt.

Géint 5 Auer war et en Donneschdeg de Moien zu engem gréissere Feier op engem Bauerenhaff zu Réiser komm. Duerch den Asaz vun de Pompjeeë konnt een Iwwergräife vun de Flamen op d'Wunnhaus an aner Gebailechkeete verhënnert ginn. Weder Déieren nach Persoune si beim Feier zu Schued komm et ass domat beim Materialschued bliwwen.

D'Pompjeeë vu Réiser, Hesper an aus der Stad goufen op d'Plaz geruff, grad ewéi eng Ambulanz vu Beetebuerg. D'Läschaarbechte waren en Donneschdeg am Nomëtteg nach am Gaangen.

Wéinst dem Feier waren d'Stroosse ronderëm de Bauerenhaff en Donneschdeg bis an den Dag era gespaart.

Accidenter um Mëttwoch

E Mëttwoch den Owend gouf an engem Autosaccident tëscht Bruch a Recken eng Persoun blesséiert. Hei hate sech kuerz virun 18 Auer zwee Autoen ze pake kritt.

Zu Hamm ass kuerz no 19 Auer e Motorradsfuerer an en Auto gerannt. Och hei gouf ee Mënsch verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO