LCGB schléit AlarmSchluss mat der Gewalt géint Buschaufferen!

RTL Lëtzebuerg
De Bilan aus de leschte Méint ass alarmant, seet d'Gewerkschaft. D'Attacken op d'Buschauffere géifen ëmmer méi brutal ginn.
© RTL-Archiv

Et kënnt ëmmer erëm vir, datt Buschauffere wärend hirer Aarbecht Affer vu Gewalt ginn. Nach déi lescht Woch huet d’Police gemellt, datt e Chauffer an der Stad menacéiert an zesummegeschloe gouf. Den Aggresseur gouf festgeholl. Där Fäll goufen et eleng an den éischten dräi Méint vun dësem Joer scho 4.

Den LCGB, déi Gewerkschaft déi majoritär am Transportsecteur vertrueden ass, jäizt ëm Hëllef.

Gewalt géint Buschaufferen - Reportage vum Dany Rasqué

De Bilan aus de leschte Méint ass alarmant, seet d’Gewerkschaft, an erënnert un zwou weider Attacken Enn lescht Joer. Attacken, déi och ëmmer méi brutal géife ginn, betount de Paul Glouchitski, hien ass Gewerkschaftssekretär beim LCGB.

Paul Glouchitski: “Mir hunn et hei scho mat barbareschen Attacken ze dinn. Bei der leschte Kéier gouf de Chauffeur net just zesummegeschloen, mä och nach gebass. Mir stellen eis wierklech d’Fro, ob Lëtzebuerg net Affer vun Onsécherheet ass.”

Nach den 11. Mäerz war den LCGB mat Leit aus den zoustännege Servicer aus dem Transportministère zesummen. Do gouf iwwer Anti-Aggressiounskabinne geschwat. Kabinnen, déi de Chauffer solle schützen. Prinzipiell gëtt et en Accord fir esou Kabinnen, mä et ass e bësse méi komplizéiert. Am Ministère gëtt drop higewisen, datt esou Kabinnen och Nodeeler hunn. De Chauffer kéim am Noutfall, zum Beispill bei engem Accident, eventuell net séier genuch eraus. Et kéint och e subjektiivt Onsécherheetsgefill bei de Passagéier entstoen, well se sech d’Fro stellen, ob de Chauffer hinne séier genuch kéint hëllefen, wa si géifen aggresséiert ginn.

De Käschtepunkt vun de Kabinnen hänkt vum Niveau vun der Securisatioun of a vun der Mark vum Gefier. E géif vu bis goen.

Bis zu 15.000 Euro pro Gefier gi gefrot, bei 1400 RGTR-Bussen eng gepeffert Rechnung. Suen, déi och net am Budget vun dësem Joer virgesi sinn, heescht et aus dem Ministère.

D’Kabinne réckwierkend abauen, wier bal eng Saach vun der Onméiglechkeet, à priori géifen et där Kabinne just an neie Gefierer ginn. Et ginn och Kameraen installéiert, mä den LCGB fuerdert méi, fir d’Chaufferen ze schützen. Sécherheetsagenten, wéi an den Zich.

Paul Glouchitski: “Mir wëssen, datt mer net ee Sécherheetsagent fir all Bus an all Linn kënne kréien, mä mir hätte gär cibléiert Aktiounen an hoffen, datt dës Fuerderung de Sécherheetsdispositif completéiert.”

Aus dem Ministère heescht et, datt de Problem bësse geografesch lokaliséiert ass an d’Attacken, manner am Bus selwer, mä op Garen oder Haltestelle geschéien.

Am Ministère ass de Chef dëser Deeg ausser Haus, déi zoustänneg Servicer géifen awer intensiv u Propose schaffen. Et géif vill Wäert drop geluecht ginn ze reagéieren an d’Buschauffere besser ze schützen.

PDF: Pressecommuniqué vum LCGB

Back to Top
CIM LOGO