Loft no uewen an der Educatioun a beim LogementD'Jugendorganisatioun vun der DP kritiséiert deels d'Regierungspolitik

Marc Hoscheid
Virop viséiert sinn Dossieren, déi an d'Zoustännegkeet vun der eegener Mammepartei a virop vum Claude Meisch falen.
© Marc Hoscheid

Virop viséiert sinn Dossieren, déi an d'Zoustännegkeet vun der eegener Mammepartei a virop vum Claude Meisch falen.

Sief et an der Schoul, bei der Relance vum Logementsmarché oder beim Hëtztschutz, an all deene Beräicher gëtt et nach Loft no uewen. Déi Kritik ass net nei, ma dës Kéier kënnt se zur Ofwiesslung mol net vun enger Oppositiounspartei, mee vun der Jugendorganisatioun vun der DP.

Dräi Communiquéen an dräi Wochen, d'Jeunesse Démocrate et Libérale du Luxembourg, kuerz JDL, notzt d'Summperpaus respektiv och schonn d'Zäit virdrun, fir hir Messagen ze placéieren. Ee Punkt, deen de Parteinowuess vun der DP kritiséiert, ass, datt Schüler am Enseignement secondaire général op de Klasse 7ième a 6ième bal net méi kënne sëtze bleiwen. Dat géing virop zu engem Problem féieren, esou de JDL-President Lou Linster.

"Datt einfach déi Lacunnen, déi sech op 7ième,op 6ième ugesammelt hunn, dann op 5ième ëmsou méi zum Virschäi kommen an déi Schüler dann einfach manner Optiounen hunn an dann oft a Richtung Handwierk orientéiert ginn. Wat an eisen Aen eng Devalorisatioun vum Handwierk ass, well d'Handwierk soll ee gläichberechtegte Bildungswee sinn, nieft deenen aneren, an net dat sinn, wat ee mécht, wann een op soss näischt méi kann ugeholl ginn."

Vill Schüler kéinten am Fong méi leeschten, mee well se wéissten, datt et och mam Minimum duergoe géing, fir op déi nächst Klass ze kommen, géinge si sech net weider ustrengen.

Op hirem Kongress Mëtt Juli huet d'JDL d'Logementspolitik an de Fokus geréckelt. Et bräicht nei Impulser, fir privat Investitiounen an de Wunnengsmaart méi attraktiv ze maachen. De Staat, d'Gemengen an déi ëffentlech Baudréier kéinten de Logementsproblem nämlech net eleng léisen. D'Mesuren, déi rezent als sougenannte Booster fir de Wunnengsbau presentéiert goufen, géingen zwar an déi richteg Richtung goen, mee eleng mat steierlechen Ureizer wier et net gedoen, et misst och nach un anere Stellschrauwe gedréint ginn.

"Zum Beispill an der VEFA mat der Garantie d'achèvement, dat sinn och nach Chantieren, déi een upake muss. Datt nees Vertrauen an dee ganze VEFA-Marché kënnt, datt d'Leit sech eben nees trauen, eppes um Plang ze kafen an net musse fäerten, datt de Promoteur ënnerwee faillite geet an datt een da jorelaang viru Geriicht muss streide bis d'Wunneng fäerdeg gëtt. Dat sinn nach Challengen, déi ee muss ugoen."

Mat Bléck op déi rezent Canicule missten de Staat an d'Gemengen iwwerdeems mat guddem Beispill virgoen an déi ëffentlech Gebaier méi resistent géint d'Hëtzt maachen. Virop Altersheemer a Schoulen, dat och kuerzfristeg an zur Nout mat Klimaanlagen.

D'Kriticken, déi d'JDL formuléiert, betreffen an éischter Linn Ressorte vun DP-Ministeren. Dono gefrot, ob ee sech genuch gehéiert fille géing, ass et dës Äntwert:

"Generell gëtt net Alles, wat een als Jugendpartei fuerdert, och ëmgesat. Mir hätten eis zum Beispill ee Superlogementsministère gewënscht, dat stoung an eisem Walprogramm, wou een Intérieur, Logement an Ëmwelt an engem Ministère zesumme gebündelt hätt. An deen ee Ministère, hätt dann däitlech méi Pouvoir gehat, fir de Logementsproblem ze léisen, wéi wann dat an dräi Ministère getrennt ass. Bon, dat ass net ëmgesat ginn, mee an zwee Joer sinn déi nächst Walen, d'Ministèrë ginn nei zesummegesat an dat ass eppes, wat mer nach ëmmer fir sënnvoll halen."

Och wann de Logements- an Educatiounsminister Claude Meisch direkt e puer Hausaufgabe vun der JDL mat op de Wee kritt, wier een awer net der Meenung, datt hie mat deenen zwee grousse Ministèren iwwerfuerdert wier. De Claude Meisch wier scho laang dobäi an hätt déi néideg Erfarung, fir déi Aufgab ze stemmen.

De Lou Linster ënnersträicht, datt een als JDL net ëmmer probéiere géing, fir all Dossier fir d'éischt intern ze klären. Et misst een op Problemer opmierksam maachen an dozou géing gehéieren, och alt emol an d'Ëffentlechkeet ze goen.

Back to Top
CIM LOGO