
Elo, wou d’Koalitiounsverhandlungen am Gaang sinn, mécht si op eng vun hiren Haaptdoleancen opmierksam a leet deem zukünftegen Educatiounsminister un d’Häerz, den Encadrement vun de Kanner mat spezifeschem Besoin zu enger vu sengen Haaptprioritéiten ze maachen.
Aktuell géifen eng ganz Rei Enseignantë sech nämlech eleng gelooss fillen an en normaalt Schoulhale wier dacks net méiglech.
Anengems warnt de Syndicat national des enseignants, datt déi zukünfteg Koalitioun keng nei Chantiere soll opmaachen, esou de President de Patrick Remakel.
“Zënter 2009 ginn d’Schoule vun engem Comité d’école geréiert, dee gewielt ginn ass. Dëse Modell huet sech bal an alle Schoule bewäert an do wier et wierklech elo fatal, wa géif eng nei Regierung kommen an dat alles wéilt op d’Kopp dréinen. Do wier mat groussem Widderstand vun eis ze rechnen. Dat ass déi eng Saach. Déi aner ass, datt een net soll probéieren, un eis Tâche réckelen ze goen, zum Beispill andeems gesot gëtt, et géif ee probéieren, d’Hausaufgabenhëllef an d’Tâche vum Enseignant integréieren. Och dat wier en absolutten No-Go fir eis an do géife mer eis wierklech wieren.”
Dëser Deeg gëtt um Niveau vun den Aarbechtsgruppen un engem Koalitiounsaccord geschafft, wou och nach kënne Leit vu bausse kënne gehéiert ginn.
Den SNE wëll der CSV an der DP net virschreiwen, wie se sollen invitéieren, mä d’Enseignantsgewerkschaft seet, se hätt ganz vill ze zielen, wa géif Intressi bestoen.