Haut gëtt d’Diagnos natierlech och éischter a méi kloer gestallt, fréier gouf bei ville Betraffene geduecht, dat ass nu mol den Alter, dass dee méi gebéckt do geet oder ziddreg ass. Zu Lëtzebuerg gëtt et ee spezielle Parkinsons-Fuerschungszenter an e Freideg waren am Kader vum Parkinson-Weltdag vum 11. Abrëll Experte fir eng Konferenz zu Leideleng beieneen.
Onkontrolléiert Zidderen, d‘Muskelen di wéi, Problemer bei der Koordinatioun – bis, datt d’Diagnos Parkinson kënnt, vergeet dacks vill Zäit. Esou och beim Frank Michler.
„Ech hunn 11 Joer op eng Diagnos gewaart. Et huet mat enger Angscht a Panik Krankheet ugefaangen, déi vun engem Dag op deen anere bemol do war. No 10 Joer huet mäi Fanger ugefaangen ze zidderen, kuerz drop huet den Aarm ugefaangen. Mee dat war 2011, deemools huet nach kee bei méi jonke Leit u Parkinson geduecht. Et war eng Krankheet fir eeler Leit.“
Fir eng Persoun mat Parkinson kann déi natierlechste Situatioun, ewéi eng Visitt am Supermarché zu engem richtegen Exercice ginn.
„Wann ech Ugangs an de Supermarché gaange sinn an hunn eng Fläsch Wäi kaf, fir se bei enger Pizza mat menger Fra ze drénken, sinn ech schif ugekuckt ginn a krut och emol de Commentaire, ech soll mol gutt weider drénken, da géif d’Zidderen ophalen.“
Onwëssen, respektiv kee Versteesdemech: Eppes, wat sech iwwert déi lescht Joren awer verbessert huet. Kaum verwonnerlech zu Lëtzebuerg liewen aktuell 1.000 Leit mat der Diagnos.
Prof. Rejko Krüger - Professer fir Neurowëssenschaften:
„Déi éischt Symptomer ewéi eng Versteiwung oder en Zidderen ginn dacks net richteg erkannt. Et ka bis zu 3 Joer daueren, bis, datt d’Diagnos gemaach gëtt. Do ka wichteg Zäit verluer goen, well scho falsch Beweegungsmuster sech agepräägt hunn. Déi kann een, souguer wann een déi richteg Therapie aleet, net direkt korrigéieren. “
Morbus Parkinson ass déi heefegst Krankheet vum zentralen Nervesystem. D‘Recherche zu Lëtzebuerg gëllt zu de beschte weltwäit.
„Zu Lëtzebuerg wäerte mer deemnächst eng Etüd hunn, wou mer probéieren, an de Krankheetsprozess anzegräifen. Dat ass elo nach ausserhalb vun eiser Lëtzebuerger Parkinson-Etüd, wou mer just Persounen observéieren. Mee mat eiser Fuerschung wëlle mer och den Zougang zu neien Therapien erméiglechen.“
Gedeelte Leed ass dacks just nach dat halleft Leed. D‘Isolatioun doheem ass, och wann et ugangs méi einfach schéngt, kontra-produktiv. Well et kann een och eppes Positives aus der Krankheet zéien.
Nach eng Kéier de Frank Michler:
„Ech kucken op déi Saachen, déi ech kann, net déi, déi ech net méi kann. Well déi Saachen, déi ech kann, kann ech nach ganz gutt. Ech liewen am elo an net am Passé.“