Schüler a Proffe schaffen zesummenSchoule sinn zou, ma nawell ka vun doheem aus geléiert ginn

Monica Camposeo
Fir d’Sarah, d’Chiara an d’Kendra vu Schëffleng war e Méindeg den éischten Dag "Home schooling".
Schüler a Proffe schaffen zesummen
Fir d’Sarah, d’Chiara an d’Kendra vu Schëffleng war e Méindeg den éischten Dag "Home schooling".

De leschten Donneschdeg hat de Premier Xavier Bettel jo schonn annoncéiert datt d'Schoule géifen zoubleiwen. Wat awer net géif heeschen datt Enseignanten a Schüler fräigestallt wieren.

De Freiden huet d’Léierpersonal séier missen handelen an de Cours op Distanz organiséieren.

"Si sot, mir hunn elo zwou Wochen fräi, vläicht och méi, mä net manner. A mir hunn hei ugekräizt, wat mir alles musse maachen. A mir krute ganz vill Blieder mat, déi mir solle maachen.", huet dat 9 Joer aalt Kendra Halsdorf erkläert.

Dass déi dräi Schwësteren elo doheem musse léieren, ass fir déi ganz Famill eng Ëmstellung, ma et probéiert een awer, sech esou gutt et geet ze organiséieren.

"Mam Kendra hu mir elo ausgemaach, dass mir elo ëmmer e bësse maachen an dass mer och kucken, fir e bësse vun allem ze maachen. Mee vu dass ech elo vun der Aarbecht aus méi heiheem sinn, ass dat och machbar. An déi Deeg, wou ech da schaffen, bleift mäi Mann dann heiheem an da kuckt hien, dass hien da mat him d’Aufgabe mécht." erkläert d'Peggy Halsdorf.

Wärend an der Primärschoul vill mat Bicher an Aufgabeblieder geschafft gëtt, gëtt am Lycée éischter op d’Virdeeler vun der Digitaliséierung gesat. Fir d’Chiara ass den digitale Cours näischt Neies. Si ass op enger Tablet-Klasse a kennt déi néideg Applikatioune schonn. Den éischten Dag wier scho ganz gutt verlaf.

"Haut krute mir zum Beispill Englesch. Et hänkt ëmmer vum Proff of, ob si eppes ginn oder net. An da kréie mir einfach eng Noriicht mam Programm, dee mer musse maachen. Mir kënnen hinnen och schreiwen, wa mer eng Fro hunn oder sou. An et hänkt da vum Proff of, ob mer eppes kréien oder net. Zum Beispill am Englesche krute mir elo nei Verben ze léieren. An dozou krute mir och d’Erklärungen an alles geschéckt. An da musse mer Exercicer maachen. A mir kruten och Internetsitte proposéiert, wou mer kënne kucken goen, wa mer Froen hunn. A mir kënnen de Proffen och ëmmer schreiwen." huet d'Chiara Halsdorf, dat am LHCE op enger 3ème ass, e Méindeg erkläert.

Ma och beim Sarah huet den éischten Dag "Home Schooling" gutt geklappt. D’Schülerin ass op Première a fir de Programm duerchzekréien, huet zum Beispill d’Däitschproff iwwert eng App Cours gehalen.

"Mir haten de Moien dee Videochat iwwer déi App "Teams" an do huet da wierklech déi ganz Klass matgemaach. An et war och guer kee Problem mam Verstoen. Ech hat Kopfhörer un an dat ass och wierklech gutt gaangen. Dann huet een och gutt héieren.", betount d'Premièresschülerin.

Et géing net nëmmen dorëms goen, ze widderhuelen, ma och en normale Cours ass digital méiglech.

"Mir hunn och zwou Stonne wierklech Cours gehale mam Buch. Si huet eis da gesot, wat mir mussen ënnersträichen. Si huet eis hir Notizze geschéckt, wou mer dann och gutt konnte vergläichen oder selwer konnte Saache bäifügen. Well si huet eis dat esou geschéckt, dass mer wierklech konnten eis eegen Notizzen dobäi maachen. Dat ass wierklech gutt gaangen. Mir hu wierklech zwou Stonne Cours gehalen a mir sinn och esou wäit komm, wéi si wollt kommen." esou nach d'Sarah Halsdorf.

D’Schüler an d’Schülerinnen uechter d’Land musse sech elo och vill selwer organiséieren. Net ëmmer ass et méiglech, iwwer den digitale Cours ze fueren. Ma d’Léierpersonal ass awer disponibel, fir op all d’Froen ze äntweren an d’Matière ze erklären. Nach bis den 29. Mäerz bleiwen d’Schoulen hei am Land zou.

E weidere Fall

Vun doheem aus léieren a vun doheem aus Cours halen
Wéi esou vill aner Elteren hei am Land iwwerhëlt och eis Kolleegin aus der Kulturredaktioun Jenny Fischbach fir déi nächst zwou Wochen d’Roll vun der Joffer.

Wéi esou vill aner Elteren hei am Land iwwerhëlt och eis Kolleegin aus der Kulturredaktioun Jenny Fischbach fir déi nächst zwou Wochen d’Roll vun der Joffer. All Dag muss si sech elo mat hirer 7 Joer jonker Duechter un den Dësch sëtzen a léieren.

"Direkt no der Annonce krute mer puer Stonnen drop eng E-Mail mat genauen Informatiounen dran, wat eben an deenen zwou Woche misst geschafft ginn, et ass vill. Mee awer berouegend éischter fannen ech, wann een eben esou eng detailléiert Mail kritt, mat allem, wat een ze maachen huet. Dann ass ee manner verluer.", erkläert d'Jenny Fischbach.

Bis zu 3 Stonnen den Dag recommandéiert de Schoulmeeschter dem Jenny, fir mam Lilly ze schaffen. An dorunner misst ee sech als Elteren och halen, well et ass een zäitlech gebonnen, bis wéini een d’Aufgaben nees per Mail muss zréckgeschéckt hunn. A souguer d’Prüfunge mussen d’Elteren doheem mat de Kanner maachen. Déi kritt ee per Mail geschéckt a muss een ausprinten, erascannen an nees zeréckschécken.

"Et mierkt een elo, wat d’Léierpersonal dat ganzt Joer iwwer muss leeschten. Dat hei ass lo fir eis zwou, vläicht dräi Wochen. Dat ass eng Saach a mir hunn nëmmen ee Kand doheem a mengem Fall. Et kritt ee schonn e Gefill dofir, wat si all Dag musse leeschte mat 15 oder 20 Kanner."

D’Lilly a seng Matschüler kruten an der Klass erkläert, wat de Coronavirus ass a wisou och si als kleng Kanner mussen oppassen, fir net ze vill erauszegoen. An dass déi nächst zwou Wochen keng Vakanz ginn, ass och kloer.

An dat gëllt och fir d’Enseignanten

De Claude Loulleng ass Enseignant am Lycée Guillaume Kroll zu Esch an hält zanter 20 Joer Schoul. Déi éischte Kéier awer vun doheem aus.

"Dat hei ass lo wierklech eng absolut Ausnamesituatioun. Och an där Kierzt, wou mir hu misse reagéieren, dat ass scho speziell.", erzielt eis de Claude Loulleng.

De Claude Loulleng enseignéiert haaptsächlech an der Formation professionelle am Beräich vun der Elektro-Technik an Informatik. Hie géif säi Bescht ginn, de Cours sou normal et geet weiderzeféieren – ebe just virtuell. A sengem provisoresch ageriichte Klassesall doheem, mat Tafel, Computer a Webcam.

"Déi gréissten Erausfuerderung war, fir a kierzter Zäit déi Video-Technik un d’Lafen ze kréien. Vu dass ech net all Dag domat schaffen, war dat net esou einfach. Den zweete Volet ass: wéi organiséiere mer dat informatesch, fir de Schüler déi Messagen a Videoen ze iwwerdroen? An do hu mer effektiv een Outil, wou mer Klasse kënnen organiséieren an hinne souwuel déi Videoe wéi Dokumenter schécken a wou mer hinnen am Prinzip souguer kéinten Hausaufgabe ginn. Do si mer am Fong net sou schlecht opgestallt.", esou nach de Claude Loulleng.

De prakteschen Deel vum Cours, wou d’Schüler konkret mat den Hänn schaffe kënnen, fält natierlech ewech. Trotzdeem wier dës Ausnamesituatioun eng Chance, fir sech an all déi Outilen eranzeschaffen, déi ee soss ni benotzt huet, esou de Claude Loulleng. Online géing een dann och de Kontakt zu Schüler an Enseignanten oprecht erhalen. Iwwerdeems kéint ee Live-Konferenzen organiséieren, fir dass d’Schüler hir Froe stelle kéinten.

Bleiwen d’Schoulen awer méi laang wéi zwou Wochen zou, wouvunner de Claude Loulleng den Ament ausgeet, kéint ee mat neie Problemer konfrontéiert ginn.

"Schwieregkeete gesinn ech effektiv kommen, wa mer elo misste Prüfunge maachen. Wann dat iwwer ee Mount erausgeet, brauche mer e weidere Plang B, wéi mer dat kënne maachen. Virun allem fir d’Ofschlossklassen. Bei den anere Klasse kann ee vläicht nach e Kompromëss fannen. Mee fir d’Examens-Klassen a BTS-Klassen ass dat schonn een Thema. Do denken ech, dass nach weider Instruktioune kommen, wéi mer eis do am beschte sollen uleeën."

Ma bis et sou wäit ass, gëllt et, esou vill Normalitéit, wéi et geet, eranzekréien.

Schoul doheem 2020

Méi Informatiounen iwwert "Home schooling" fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO