Liewensgeféierlech VerbrennungenSchroen Aarbechtsaccident op engem Schantjen um Briddel

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Mëttwoch an der Mëttesstonn zu engem schroen Accident um Briddel. En Aarbechter gouf liewesgeféierlech verwonnt.
© RTL Archivbild

Bei Fixéieraarbechte koum et zu enger Verpuffung vu fräigesate Gasen, bei där een Aarbechter liewensgeféierlech verbrannt gouf.

D'Affer gouf nach op der Plaz versuergt, koum fir d'éischt an d'Spidol an duerno fir eng weider Behandlung an eng Spezialklinick op Ludwigshafen an Däitschland.

Op Uerder vum Parquet gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht an d'Spueresécherung alarméiert. Och d'Beamte vun der ITM waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO