Initiativ vu GreenpeaceSchüler sensibiliséiere fir Solarenergie a méi Klimaschutz

RTL Lëtzebuerg
Zënter e leschte Méindeg installéiere Schüler aus der Europaschoul um Kierchbierg zesumme mat Greenpeace Photovoltaik-Panneauen um Daach vun hirer Schoul.
Schüler sensibiliséiere fir Solarenergie a méi Klimaschutz
Dëse Projet, dee bis den 29. Juni dauert, soll déi Jonk nach besser iwwert Solarenergie informéieren.

Dëse Projet, dee bis den 29. Juni dauert, soll déi Jonk nach besser iwwert Solarenergie informéieren a se nach méi fuerderen, sech fir de Klimaschutz anzesetzen. D'Aarbechte lafen aktuell op Héichtouren. Eng 100 Schüler installéieren um Daach vun der Europaschoul um Kierchbierg Solar-Panneauen. Beim Projet gi se virun allem méi iwwert d'Solartechnologie gewuer. Mat deene Fotovoltaik-Panneaue gëtt Stroum fir 100 Stéit produzéiert.

Insgesamt ginn iwwer 1.500 Fotovoltaik-Panneaue mat enger Leeschtung vu 500 Kilowatt installéiert. Mat där Initiativ wëll een, datt déi Jonk virun allem Erfarunge sammelen a se mat aneren deelen. Och aner Schoule sollen sech vum Projet inspiréiere loossen. Déi Jonk si begeeschtert, bei där Initiativ kënne matzemaachen.

Den Aspekt vun der Sensibiliséierung a puncto nohalteg Energieproduktioun steet beim Projet am Virdergrond. All Dag schaffen eng 10 Schüler un der Konstruktioun, ënnert anerem, fir Solarzelle mateneen ze verbannen.

Greenpeace ass beim Projet fir d'Koordinatioun zoustänneg. Bis ewell huet d'Associatioun 4 Solar-Projeten zesummen mat Gemengen a Jugendhaiser organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO