Dag vum IngenieurSchüler solle fir digital Zukunft fit gemaach ginn

Jeannot Ries
D'"Zukunft" stoung e Samschdeg um "Dag vum Ingenieur" um Kierchbierg am Mëttelpunkt.
Schüler solle fir digital Zukunft fit gemaach ginn
D'"Zukunft" stoung e Samschdeg um "Dag vum Ingenieur" um Kierchbierg am Mëttelpunkt.

"Wéi déi Jonk prett maachen, fir déi digital Welt? Awer och dat Digitaalt notzen, fir d'Schoule besser ze maachen." Den Educatiounsminister Claude Meisch huet e Samschdeg um "Dag vum Ingenieur" seng Visioun, fir d'Digitalisatioun an de Schoulen, presentéiert.

Zwou Zuele virop: Fir 44% vun hei zu Lëtzebuerg befroten Entreprisë läit den Haaptdefit vun der Digitalisatioun an de Besoinen u Qualifikatioun, Wëssen an Ausbildung. 23% vun deenen Entreprisë wëllen neit qualifizéiert Personal astellen. Zwou Zuelen, déi weisen, wéi wichteg et ass: Haut, Jonker, fir Muer auszebilden.

Och wann d'Zukunft grad a Beräicher wéi der Digitalisatioun, den Ëmwelt-Technologien an den Energië weider a voller Entwécklung stécht. All d'Acteuren si sech es eens: fir datt Muer Lëtzebuerger Entreprisen net nach méi ënnert dem Manktem u qualifizéiertem Personal leiden, mussen déi Jonk fir Theme wéi d'digital Zukunft, fir Fächer wéi Naturwëssenschaften oder Mathematik begeeschtert ginn.

D'Schoul soll do eng wichteg Roll iwwerhuelen. Net eréischt no der Première, mä ganz fréi. Dofir gëtt bei der nächster Rentrée een neit Fach, nieft Liesen, Schreiwen a Rechnen, schonn am Cycle 4 vun der Grondschoul agefouert: Codéieren.

Eng Capacitéit, déi den Ament an onse Schoulen net sou vermëttelt géif, wéi dat, den Erausfuerderunge vun der Gesellschaft no, misst sinn. Sou de Minister, deen och eng nei Initiative fir déi ënnescht Lycée-Klassen ugekënnegt huet. Dës huet den Aarbechtstitel "Computer Science." Et géif net duer goen all Dag um Smartphone ze hänken. De Schüler misst léieren, Léisunge sichen ze goen. Innovativ ze sinn. Eppes a Fro stellen ze kënnen.

Do géif et kloer Nohuelbedarf an de Lëtzebuerger Schoulen. Stéchwuert: Problem Léisungskompetenz. Op Belval soll e Lycée a Form vun engem Pilotprojet opgoen, fir ze weisen, wéi de Secondaire kéint an deem Geescht fonctionéieren. Ausgeriicht op d'Besoine vun der Digitaliséierung.

Back to Top
CIM LOGO