
An engem Schreiwes betount d’Escher Gemeng en Dënschdeg de Mëtteg, dass u weidere Sécherheetsmesure géif geschafft ginn. Well de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte eng Staatsstrooss ass, hätt een eng entspriechend Demande bei de Ponts-et-chaussées gemaach. Bis do eppes geschitt, hätt d’Stad temporär Mesurë geholl, wéi zum Beispill d’Engagement vu Schülerlotsen. Weider Sécherheetsmesure ronderëm d’Schoul wieren nach e Freideg am Gemengerot decidéiert ginn.
Iwwerdeems mellt de CGDIS zwee weider Accidenter, zu deenen et am Laf um Dënschdeg komm ass:
Kuerz no 13 Auer gouf am Neiduerf an der Stad eng Persoun vun engem Auto ugestouss. D’Ambulanz aus der Stad war op der Plaz.
Géint 14.40 Auer hate sech dann op der N4 tëscht der Cloche d’or a Leideleng 2 Autoen ze pake kritt. D’Stater Ambulanz war am Asaz, fir sech ëm ee Blesséierten ze këmmeren.