
"An der méi renger Analys vun all Projet sinn awer verschidde Schwächten opgefall an e Manktem un Ambitioun, déi der Entwécklung schuede kéinten": Sou heescht et am Avis vun der Chambre de Commerce zu de groussherzogleche Reglementer, déi déi 4 Plans directeurs sectoriels Wunnen, Landschaften, Transport an ekonomesch Aktivitéitszonen obligatoresch maachen.
D'Handelskummer fënnt d'Pläng zum Wunnen, zum Transport an zu den Aktivitéitszone complémentaire an iwwereneestëmmend. An deem Kontext geet rieds vun engem "développement spatial diffus des dernières décennies", deen zum Deel mat dofir responsabel wär, dass d'Mobilitéit de Moment limitéiert ass. Wat de Plang zum Wunnen ugeet, misst fir d'Chambre de Commerce d'Offer u Wunnenge staark klammen: Dofir sollten ë.a. d'Genemegungsprozeduren erliichtert ginn. D'grouss Majoritéit vun neie Wunnzone léich do, wou den ëffentlechen Transport scho gutt ugebonne wär. Eppes méi wéi 20.000 geplangten nei Wunnéngen op net grad 500ha géifen awer net duergoen, wann all Joer bis zu 12.000 nei Awunner bäikéimen.
De Plang zu den Aktivitéitszone wär onerlässlech, fir dass nei Entreprisë kënne gegrënnt ginn oder sech hei kënnen néierloossen. Wann nei Projeten optimal schénge geleeën ze sinn, no bei de Stadzentren an den Transportachsen, wär d'Zomm vun den neie Surfacen allerdéngs par Rapport zum Projet vun 2014 zréckgeschrauft ginn. Dat géif net ugemooss schénge virum Hannergrond vun der entspriechender Demande.
Wat de Plang zum Transport betrëfft, wär deen e kruzialen Entwécklungsfacteur fir d'Land. Déi momentan Entwécklung, dass d'Verdeelung vun der Beschäftegung (v.a. am Kanton Lëtzebuerg) am Widdersproch steet zu där vun der Populatioun (besonnesch am ländleche Raum), géif zu Stroosse féieren, déi zum Deel iwwerlaascht wären.
D'Handelskummer begréisst d'geografesch Opdeelung vun den Infrastrukturprojeten an dass en Akzent op Vëlospisten a Park&Ridë läit. D'Regierung sollt awer de grenziwwerschreidenden ëffentlechen Transport optimiséieren, besonnesch tëscht de Wunnzone vu Frontalieren an de Schaffzonen hei am Land. De Plan directeur géif och a Saache Logistik net schéngen duerzegoen, vü d'Ambitioune vun deem Secteur.
A punkto sektorielle Plang Landschaften ass d'Chambre de Commerce zu gudder Lescht géint eng Iwwerreglementéierung, déi zu Bürokratie, méi komplexe Verwaltungsdemarchen an enger Inflatioun u verflichtenden Texter féiere kéint.
Si freet sech, ob et der Saach déngt, fir d'Landschaften en eegene Plan directeur sectoriel opzestellen. Et géife scho vill juristesch Kadere bestoen, fir den Ëmweltschutz z'organiséieren, an dës eenzel Kadere géifen ewell e komplexe juristesche "Mille-feuille" duerstellen.