Wat sinn d'Risiken a wat bedeit dat beispillsweis fir Schwangerer, déi schaffen?
De Risk, wéinst enger Covid-19-Infektioun hospitaliséiert ze ginn, ass bei schwangere Fraen annerhalleft bis 5 Mol méi héich wéi bei deenen, déi déi net erwaarden. Dat hunn international Etüden erginn, erkläert d'Directrice adjointe vun der Santé. Besonnesch déi lescht 3 Méint vun der Schwangerschaft wäre si nach méi vulnerabel. Schonn eleng well dann och hire Risiko fir héije Bluttdrock a Schwangerschaftsdiabetis an d'Luucht geet.
Heimat klëmmt deemno de Risk fir Komplikatiounen. Virop Otemproblemer an Thrombosen oder Embolien. Woubäi schwanger Frae vu vir era scho méi a Gefor sinn, fir eng Thrombose ze maachen. Verleeft d'Infektioun ouni gréisser Komplikatioun schéngt se de Puppelchen am Bauch net weider ze treffen. Och net a senger Entwécklung.
Wéi all aner vulnerabel Persoun mussen och schwanger Fraen op der Aarbecht geschützt ginn, wa se engem erhéichten Ustiechtungsrisk ausgesat sinn. Fir dës Aschätzung ass d'Aarbechtsmedezin zoustänneg. Wa méiglech soll déi Betraffen am Teletravail schaffen. Am anere Fall muss ëmorganiséiert ginn, d'Fra eventuell en anere Poste kréien. Ass dat alles net méiglech, kann den Aarbechtsdokter déi Betraffen och an d'Dispens setzen, bedeit, datt se fräigestallt gëtt.
Weider nieren
Jonk Mammen, déi sech mat Covid-19 infizéieren, sollen hire Puppelchen awer weider nieren. Dat réit d'Santé. De Virus géif sech net iwwer d'Mammemëllech iwwerdroen an dës wär ganz gesond fir d'Kand.