
Um City Breakfast vun der Stad Lëtzebuerg ass e Mëttwoch iwwert verkafsoppe Sonndeger, een Theaterprogramm op der Kipp an d'Erausfuerderungen an der sozialer Aarbecht geschwat ginn.
An Erausfuerderunge ginn et der eng Rei. An der Wanteraktioun ginn et - normalerweis - eng 200 bis 250 Better. Mat der néideger Distanz an den Hygiènesmesuren, déi dëst Joer gefuerdert ginn, falen eng ganz Rei Plazen ewech. Nieft der Wanteraktioun ginn och a d'Nuetsfoyeren ëmorganiséiert, esou de Schäffe Maurice Bauer.
Mat Bléck op d'Feierdeeg wier een am Gespréich mat den Organisateure vun enger Rëtsch Initiativen, fir deene manner privilegéierte Leit trotzdeem agreabel Festdeeg z'erméiglechen. Et wéilt een alles maachen, fir eng feierlech Stëmmung an der Stad ze hunn, notamment mat der Beliichtung. E Freideg um 17 Auer soll d'Beliichtung dann och ugemaach ginn.
Allgemeng huet d'Stad Lëtzebuerg e schwéiere Spagat viru sech: Op der enger Säit sollen déi sozial Kontakter erofgefuer ginn, op der anerer Säit wëll een de Leit eng flott Chrëschtzäit bidden. Dozou gehéiert dann och, dass ee Kaddoe kafe geet.
Op d'Geschäftswelt waarden eng Rei verkafsoppe Sonndeger, déi awer net dozou solle féieren, dass ze vill Leit ouni Mask zesumme kommen, betount d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
Wann et mat der Eegeverantwortung net klappt, misst een och iwwert eng Maskeflicht an de Geschäftsstroossen nodenken, zum Beispill nëmme fir d'Weekender.
Nodeems de Chrëschtmaart awer wéinst der Pandemie schonn huet missen ofgesot ginn, steet och en anere Volet vun de Festivitéiten op der Kipp: An de Stater Theateren ass e vaste Programm – vun Danz bis Oper - op d'Bee gestallt ginn. Wéi en Dënschdeg annoncéiert gouf, missten och d'Theatere bei engem méigleche partielle Lockdown hir Dieren nees zoumaachen.
Ausserdeem gouf e Mëttwoch de Moien de Rapport vum Service d'Hygiène virgestallt. Hei war et de Rappell un d'Wichtegkeet vun dësem Service, ouni deen eng propper Staat net méiglech wier.
