Op eise StroossenSchwéieren Accident tëscht Bëschdref an dem Openthalt

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch de Moie koum et zu engem Accident mat 3 Gefierer um CR116, bei deem eng Persoun blesséiert gouf. Zu Esch goufen 2 Persounen ugestouss.
© Domingos Oliveira

D'Streck huet misste wärend den Aarbechte vun de Rettungsdéngschter gespaart ginn.

De Mëttwoch de Moie géint 7.50 Auer goufen dann zu Esch  an der Rue Norbert Metz zwee Foussgänger op engem Zebrasträifen ugestouss. Béid Persoune goufe verwonnt, déi eng liicht déi aner méi schwéier. De Samu war op der Plaz.

Och um 7.50 Auer gouf et eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer op der A3 an Direktioun Stad, hei gouf eng Persoun blesséiert. A géint 10 Auer haten an der Stad op der Place de la Gare e Bus an eng Camionnette sech ze pake kritt. De Chauffer vun der Camionnette hat awer e provisorescht Fuerverbuet esou datt de Parquet informéiert an d'Camionnette saiséiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO