Et ass eng Angscht, déi déi meescht vun eis schonn haten, wa se owes eleng ënnerwee waren. D’Angscht observéiert, verfollegt an am schlëmmste Fall, ugegraff ze ginn. Och wann dës dacks onberechtegt ass, ass et sënnvoll, dat perséinlecht Sécherheetsgefill duerch geziilten Training ze stäerken.
Am Dojo vum INS bitt de Self-Defense-Club vun der Police dräi Mol d’Woch en Training un. Hei weise si engem wéi een am Eeschtfall aus enger Situatioun erauskënnt, ouni den Täter onnéideg ze blesséieren a sech doduerch strofbar ze maachen.
Dowéinst leet d’Police de Leit och ëmmer nees un d’Häerz kee Messer oder Änleches bei sech ze hunn, fir sech ze verdeedegen. All Waff kann nämlech och géint een agesat ginn, sief et vum Täter oder spéider viru Geriicht. Pefferspray ass esouguer illegal.
Esou Géigestänn vermëttelen engem ausserdeem falsch Sécherheet. Deen éischte Probleem ass nämlech, dass e seriöen Tëschefall en Iwwerraschungsmoment mat sech bréngt. D’Affer ass eventuell am Schockzoustand, ka villäicht net emol no Hëllef jäizen a scho guer net nom Pefferspray an der Posch sichen.
Besser wier et, sech mat Alldagsgéigestänn, wéi engem Prabbeli oder engem Buch ze verdeedegen. Et kéint een dem Täter och e puer Mënz oder wat ee soss esou an der Boxentäsch huet an d’Gesiicht geheien, fir hien e puer Sekonnen ofzelenken, a fir séier fortzelafen.
Allgemeng ass et ëmmer am beschten enger Konfrontatioun aus dem Wee ze goen. An dat ass och d’Philosophie vum Club: Si si keng Kläpper a bilden och keng Kläpper aus. Hei spillt vill méi e séchert Optrieden eng wichteg Roll, well en Täter sech fir gewéinlech e “liicht” Affer eraussicht. An natierlech gëllt et och eng geféierlech Situatioun mat Zäit ze erkennen.
Noutwier ka just agesat ginn, fir sech selwer oder eng drëtt Persoun ze schützen a muss proportional zu der Attack vum Täter bleiwen. Op eng verbal Provokatioun kann een net mat kierperlecher Gewalt reagéieren an et als Selbstverdeedegung justifiéieren.
De Kuer ass sënnvoll fir jiddereen. 2022 krut d’Police iwwer 3.300 Fäll wéinst Kierperverletzung gemellt. Den Training ass op fir jidderee vu 6 Joer un.