Sécurité RoutièreSécher liichte goen - op wat muss een oppassen?

RTL Lëtzebuerg
Wéi all Joer gëtt d'Sécurité Routière nees e puer Rotschléi mat op de Wee, fir datt déi Kleng a Sécherheet kënnen no "Speck an Ierbessen" heeschen.
© Sécurité Routière

E Mëttwoch zéien nees Kanner mat hire Lampionen a Liichtebengelcher vun Haus zu Haus, fir Séissegkeeten oder Suen ze kréien, och wa se vun “Speck an Ierbessen” sangen. Dowéinst mussen net nëmme d’Automobilisten deen Dag besonnesch gutt am Verkéier oppassen, ma och d’Eltere sollen hir Kanner deen Dag am A hunn.

Op wat muss een oppassen, wann ee mat de Kanner liichte geet?

Eng vun de Recommandatioune vun der Sécurité Routière ass et, fir iwwert den Trottoir ze goen. Muss een d’Stroossesäit wiesselen, soll een den Zebrasträife benotzen. Wa keen do ass, soll een op enger vu béide Säiten iwwersiichtlecher Plaz eriwwer goen. Wichteg ass och, datt d’Kanner Gezei undinn, fir besser vun Automobilisten erkannt ze ginn oder op liichtreflektéierend Accessoiren oder Gileten zeréckgräifen. Un d’Chauffere war et iwwerdeems den Appell, lues ze maachen.

PDF: Liest déi komplett Recommandatiounen hei.

Back to Top
CIM LOGO