Background am Gespréich (20. Juni)Sécherheet a Respekt am Stroosseverkéier

Maxime Gillen
E Samschdeg sinn den Alain Disiviscour, d'Isabelle Medinger an d'Carine Nickels d'Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Esoubal een e Fouss virun d'Dier setzt, ass een Deel vum Stroosseverkéier. Egal op zu Fouss, um Vëlo, enger elektrescher Trottinett, um Moto oder am Auto, muss ee sech u Reegelen halen an een op deen aneren oppassen. Ma wéi gutt geléngt dat? Wéi geféierlech sinn eis Stroossen an Trottoiren? A wéi kënne mir fir méi Sécherheet suergen?

Zum Thema invitéiert:

  • Alain Disiviscour, Responsabele fir d‘Sécurité routière am Mobilitéitsministère
  • Isabelle Medinger, Direktesch vun der Associatioun Sécurité Routière
  • Carine Nickels, Presidentin vun der Associatioun vun den Affer am Stroosseverkéier

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO