Tëscht Bëttel a FurenEng 30 wäiss Storchen hu sech op engem Feld néiergelooss

Andy Brücker
En Dënschdeg de Moien hunn d'Leit net schlecht gestaunt, wéi se tëscht Bëttel a Furen ob eemol ganz vill Storche gesinn hunn.

En dach éischter ongewinnte Bild hat en RTL-Nolauschterer en Dënschdeg de Moien, wéi en tëscht Bëttel a Furen ënnerwee war. Op engem Feld hate sech eng 30 Storche breet gemaach. En huet net laang gezéckt an eng Partie Fotoen an och e Video gemaach.

Eng 30 wäiss Storchen op engem Feld tëscht Bëttel a Furen
Si maachen hei eng Paus um Wee an de Süden.

Änlech Biller hate mer zejoert och schonn erageschéckt kritt. Deen Ament haten d'Storche sech zu Kréindel, an der Gemeng Wëntger zesummefonnt.

De Vullenexpert Jim Schmitz hat eis zejoert erkläert, datt den August fir vill Zuchvullen den Ufank vun hirer Rees a Richtung Afrika bedeit. Deemno wier Lëtzebuerg dann en Tëschestopp, éier se weiderfléien. Si versammele sech gären a Gruppen, fir ze raschten. Grouss Felder bidden hinnen do eng gutt Méiglechkeet fir z'iessen, zum Beispill Insekten oder Fräschen.

E Symbol vu Gléck

De wäisse Storch ass an Europa bekannt a gëllt a ville Länner als Glécksbrénger. An de leschte Joerzéngten huet seng Populatioun sech an e puer Regiounen erholl, och duerch Schutzprogrammer.

Hutt Dir och Fotoen oder Videoe vun de Storche gemaach, da schéckt eis se gär op red[at]rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO