
E Cyclist ass en Dënschdeg de Moie vum Tram ugestouss a blesséiert ginn, dat op der Avenue John F. Kennedy. D'Stater Rettungsdéngschter goufen op d'Plaz geruff, grad ewéi de Stater SAMU.
Den Accident huet kee gréisseren Afloss op de Fuerplang. Den Tram fiert weider tëscht dem Findel an der Bibliothéik an tëscht dem Stadion an der Rouder Bréck.