Vu spueneschen Autoritéite gesichtPolice mellt Festnam op Basis vun europäeschem Mandat d'arrêt

RTL Lëtzebuerg
De Mann hat e Méindeg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
© Laurent Weber

E Méindegmoien ass e Mann op ee Policebüro gaangen, fir perséinlech Géigestänn aus engem séchergestallte Gefier ofzehuelen. Wéi d'Beamten dem Mann seng Donnéeën iwwerpréift hunn, huet sech erausgestallt, dass d'spuenesch Autoritéite mat engem europäesche Mandat d'arrêt no him gesicht hunn. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Méindegmëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO