
Well d’Drogekriminalitéit an der Stad sech vun der Gare an d’Uewerstad verlagert hätt, huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer d’lescht Woch op der RTL-Antenn annoncéiert, nees op privat Sécherheetsfirmen zeréckzegräifen.
Déi Lénk an der Stad schreiwen e Méindeg, d’Lydie Polfer géing mat hirer “Sortie sécuritaire” probéieren, vun hirem “aremséilegen” Bilan a Saache Logement a Sozialpolitik ofzelenken. D’DP-Politikerin géing probéieren, riets Stëmme fänken ze goen, sou déi Lénk.
D’Partei mat zwee Gemengeconseillere vu 27 an der Stad kritiséiert dann och, datt d’privat Patrullen – um Pabeier – dofir virgesi wieren, fir Objeten ze schützen, mä se a Wierklechkeet fir Aarbecht géingen agesat ginn, déi just d’Police dierf maachen.