
Well d'Regierung am jéngste Covid-Gesetz vu virun zwou Wochen d'Geriichter vergiess hat an och an de Sëtzungssäll d'Distanz vun 2 Meter tëscht de Leit spille muss, ginn dëser Deeg - a besonnesch zanter e Méindeg - alt emol Affären ofbestallt. Et wéilt een d'Covid-Mesuren an de Säll strikt anhalen, heescht et vu Säite vum President vun der Cour supérieure de Justice: Schliisslech kéint een net vum Bierger verlaangen, dass dee sech un d'Gesetzer hale misst, wann een dat selwer net maache géif, seet de Jean-Claude Wiwinius.
An deem Kontext ass en Dënschdeg eng Circulaire vun der Cour supérieure de Justice a Saache Covid-19 erauskomm, déi virschreift, dass an de Sëtzungssäll vun alle Juridictiounen e Mond- an Nueseschutz muss gedroen an eng Distanz vun op d'mannst 2 Meter muss agehale ginn, wa méi wéi 10 Leit am Sall sinn. D'Covid-Gesetz vu virun zwou Woche geséich a sengem Artikel 4 vir, dass d'Droe vun enger Mask ënner allen Ëmstänn obligatoresch wär fir Aktivitéiten, déi oppe si fir e Public, deen zirkuléiert, a fir Aktivitéiten, déi sech an engem zouene Raum ofspillen. D'Droe vun enger Mask wär obligatoresch bei all Versammlung vu méi wéi 4 Leit, an engem zouene Raum oder am Fräien. Zu all Versammlung vun 10 Leit un a bis hirer 100 kéint et nëmmen ënnert der Konditioun kommen, dass d'Persounen eng Mask unhunn a Sëtzplazen hunn, bei enger Distanz vun 2 Meter. D'Droe vun enger Mask wär donieft obligatoresch fir de Personnel encadrant. An der Circulaire heescht et, d'Reegele géife fir d'Sëtzungssäll vun alle Juridictiounen an d'Reegel vun der Distanz vun 2 Meter fir all d'Persounen an engem Sall gëllen, spréch fir d'Affekoten, d'Ugekloten, d'Polizisten, d'Iwwersetzer, d'Zeien, d'Expären, d'Riichteren, d'Parquetieren, d'Greffieren, d'Journalisten an d'Visiteuren. D'Riichteren, déi d'Sëtzunge presidéieren, wären dozou ugehalen, „à veiller au respect scrupuleux de ces mesures“!
Ganz praktesch sinn zum Beispill de Moment am grousse Sëtzungssall vum Stater Geriicht u sech maximal 25 Leit zougelooss an an deene méi klengen 9. Am Fall vun 3 Riichteren, engem Parquetier, engem Greffier an engem Polizist/Audiencier ass ee scho bei 6 an deemno séier vir bäi an hanne widder. Soudass een ewell zum Deel op Juge-unique-Affären zréckgräift, fir sou zwee Riichteren ze spueren. D'Dikrecher Geriicht war de Problem en Donneschdeg virun enger Woch mol sou ugaangen, dass dunn op de Bänke fir de Public an op deene fir d'Affekoten Ziedele mat de respektiven Nimm an Auerzäite louchen, fir déi déi eenzel Leit geruff waren. Jidderee sicht deemno säi Wee...
