Am StroosseverkéierSechs Blesséierter an der Nuecht op e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg haten d'Secouristen zu Lëtzebuerg nawell all Hänn voll ze dinn. De CGDIS mellt fënnef Accidenter a sechs Blesséierter.
Archivfoto.
Archivfoto.
© Domingos Oliveira / RTL

An der Avenue de Luxembourg zu Uewerkäerjeng huet et e Freideg den Owend géint 19 Auer geknuppt, dräi Autoe waren am Accident involvéiert. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert an et waren och zwou Ambulanzen op der Plaz. Géint 19.30 Auer ass dunn op der RN16 tëscht Uespelt an Altwis een Auto an eng Mauer gerannt. Hei gouf et ee Blesséierten.

Géint 23.30 Auer huet sech een Auto op der RN22 tëscht Béiwen/Atert an Useldeng iwwerschloen. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. Och um CR168 tëscht Schëffleng an Näerzeng huet sech een Auto iwwerschloen, dat ëm kuerz viru Mëtternuecht. Eng Ambulanz huet de Blesséierte versuergt.

Ëm 4 Auer an der Nuecht huet et dann zu Suessem op der Route d’Esch geknuppt, wou een Auto widder ee Bam gerannt ass. De Chauffeur hat wéinst Glatäis d’Kontroll iwwert säin Auto verluer a gouf beim Accident a sengem Won ageklemmt. Hie gouf vu Secouristen aus senger mësslecher Lag befreit a gouf duerno an d’Spidol bruecht.

D’Police mellt dann och nach een Accident ëm kuerz no 6 Auer, dat zu Lëtzebuerg an der Rue de Beggen. Eng Automobilistin hat ze vill gedronk an huet iwwert dem Fueren hiren Handy benotzt, wouduerch si d’Kontroll iwwert hire Won verluer huet. Op enger riichter Streck ass si géint véier geparkten Autoe gefuer. D’Automobilistin ass net blesséiert ginn, et blouf beim Materialschued. Een Alkoholtest ass positiv ausgefall.

Back to Top
CIM LOGO