Abroch a Recyclingszenter zu DiddelengSechs Verdächteger goufen in flagranti erwëscht

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch gouf ëm Mëtternuecht en Alarm, deen en Abroch gemellt huet, an engem Recyclingszenter zu Diddeleng ausgeléist.
© RTL Archiv

D'Police war séier op der Plaz. 4 verdächteg Persoune konnten op dem Terrain, dee vun engem Zonk ëmginn ass, gestallt an immobiliséiert ginn. 2 weider Verdächteger, déi sech duerch d'Bascht maache wollte, goufe baussent dem Site gepëtzt. Bei der Kontroll goufen eng ganz Rëtsch Handyen an aner kleng Elektrogeräter séchergestallt.

No bei der Plaz vun der Dot goufen 2 Autoen, déi de verdächtege Persoune gehéiert hunn, fonnt. Déi presuméiert Abriecher goufen op Uerder vum Parquet festgeholl an an de Prisong op Schraasseg bruecht. D'Géigestänn, déi geklaut goufen, d'Autoen an d'Abrochsmaterial goufe beschlagnaamt.

Back to Top
CIM LOGO