Xavier Bettel a Lex DellesSecteur vum Evenementiel ass duerch Corona-Pandemie schwéier getraff ginn

Monica Camposeo
Claudia Kollwelter
Duerch déi aktuell Restriktiounen ass et am Moment schwiereg fir Evenementer z'organiséieren.
Secteur vum Evenementiel
Duerch déi aktuell Restriktiounen ass et am Moment schwiereg fir Evenementer z'organiséieren.

Ma wéi gesäit et um Terrain aus? Wéi schloe sech d’Entreprisen? Dat wollten de Méindeg de Mëtten och d’Ministere Bettel an Delles wëssen an hunn d’Federatioun LEA getraff, déi eng 120 Entreprisen aus dem Evenementiel vertrëtt.

Situatioun am Evenementiel / Rep. Claudia Kollwelter

Dofir hunn d’Ministeren eng Firma besicht, déi sech ëm d’Locatioun vu Material fir Evenementer këmmert. An engem normalen, net-Corona-Joer, ginn eng 5.000 Veranstaltungen a ganz Europa mat deem néidege Material ausgestatt. Dëst Joer ass dat anescht. Grouss Evenementer falen ewech. Och am Summer hätt een net esou kënne schaffen ewéi gewinnt. Fir d’Joer 2020 erwaart ee sech, dass den Ëmsaz ëm 80% abrécht.

De Summer iwwer wiere just 20% vun den Evenementer organiséiert ginn wéi nach am Joer virdrun, betount de Charel Schroeder. "Et ass tatsächlech esou, datt mir nach net ganz aus dem Lockdown eraus sinn, well eis Aktivitéit awer och iwwert de Summer net wierklech zréckkomm ass. Elo wäerten déi nächst 8 Méint, déi virun eis stinn, och nach ganz laang an däischter ginn."

D’Kärgeschäft vum Secteur ass et, dass Leit zesummekommen. Net optimal also, wa sech d’Veranstaltungen an de World Wide Web verzéien. Dowéinst heescht et vum Terrain, dass de Chômage Partiel an och de Fond de Relance sollte verlängert ginn. Et wier elo wichteg, d’Vertrauen erëm hierzestellen. A politesch déi néideg Hëllefe schafen. Den Austausch mat der Politik géing gutt verlafen, esou de Charles Schroeder.

De Mëttelstandsminister Lex Delles verséchert, dass ee virun allem Faillitte wéilt verhënneren. Et wier een och mat Bréissel an der Diskussioun, fir de Fond de Relance ze erweideren.

"Mir sinn natierlech och do mat der europäescher Kommissioun am Gaang ze diskutéieren, fir Ouverturë kënnen ze maachen, fir iwwert d'Delaien awer och iwwert d'Montante kënnen erauszegoen.", esou de Mëttelstandsminister.

Sécherlech verännert d’Pandemie de Secteur, ma fir d’Zukunft ass een awer optimistesch. "Well de Mënsch souwuel um private Plang wéi och um professionellen Veranstaltunge brauch. Privat sinn dat Hochzäiten, Kanddafen a Gebuertsdeeg, déi een an Zukunft net kann op der Säit loossen. An d'Betriber brauche Foiren, Salonen, Produkt-Presentatiounen a sou weider.", erkläert de Charel Schroeder.

De Lex Delles huet betount, datt et méiglech ass, Evenementer ze organiséieren, och mat den aktuelle Restriktiounen. "Do soll ee sech un déi verschidden Acteure wenden a kucken, wat méiglech ass. Et gi flott Alternativen."

Och de Charel Schroeder ass sech bewosst, datt een ëmdenke muss an et op verschiddenen Niveauen zu engem Wandel wäert kommen, mä verschwanne géifen d'Evenementer sécherlech net.

Back to Top
CIM LOGO