
Um fréie Sonndegowend war d'Police an e Supermarché op der Place de la Gare an der Stad geruff ginn, nodeems e Mann verschidde Liewensmëttel an alkoholescht Gedrénks geklaut hat. De Mann, deen ze vill gedronk hat, war vum Sécherheetspersonal festgehale ginn, bis d'Police do war.
Méi spéit am Owend war et nach emol dee selwechte Mann, deen op der selwechter Plaz dat selwecht probéiert hat. D'Police huet erëm mussen intervenéieren. Op Uerder vum Parquet ass en du festgeholl ginn a hat e Méindeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
An der Nuecht op e Méindeg huet d'Police dräi Chaufferen ugehalen, déi ze vill Alkohol gedronk haten. Géint 23 Auer war zu Hesper an der Rue de Gasperich eng Automobilistin duerch hiren onséchere Fuerstil opgefall. Den Test war positiv an de Fürerschäin domat fort.
Eng hallef Stonn méi spéit krut d'Police e weidert Gefier gemellt, dat a Schlaangelinnen ënnerwee war. Zu Konsdref an der Rue de Berbourg konnt de Chauffer, deen ze vill gedronk hat, gestoppt ginn. Och hei ass de Fürerschäin op der Plaz agezu ginn.
Zu Esch-Uelzecht um Boulevard Kennedy war dann nach en Automobilist opgefall, well en duerch Rout gefuer war. Bei der uschléissender Kontroll gouf festgestallt, dass och hei ze vill Alkohol am Spill war, sou dass och dee Permis agezu gouf. An alle Fäll ass e Protokoll geschriwwe ginn.