PoliceasazSelwer gebastelt Bomm zu Käerjeng fonnt - si gouf kontrolléiert gesprengt

RTL Lëtzebuerg
Zu Käerjeng an der Lëtzebuerger Strooss gouf et en Donneschdeg de Moien e Policeasaz un deem och d'Spezialunitéit bedeelegt war.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi d’Police confirméiert huet, gouf den Asaz am Kader vun enger Justiz-Enquête duerchgefouert.

RTL Informatiounen no goufen an zwou verschiddene Wunnenge Géigestänn séchergestallt, déi méiglecherweis ënnert d’Waffegesetz falen. Dorënner och eng selwer gebastelt Bomm, déi méi spéit vum Service deminage an engem sécheren Ëmfeld gesprengt gouf.

Eisen Informatiounen no gouf et eng Perquisitioun an engem Appartement vun 2 Bridder mat Lëtzebuerger Nationalitéit.

Leit op der Plaz soten RTL géintiwwer, datt et net deen éischte Police-Asaz op dëser Plaz war, scho virun e puer Woche gouf et eng gréisser Interventioun.

D’Ermëttlunge géint e jonke Mann daueren un.
Am Beräich ronderëm Käerjeng an de Rond-point Biff gouf et gréisser Verkéiersproblemer, dat well d’Route de Luxembourg zäitweis komplett gespaart war.

Back to Top
CIM LOGO