
RTL-Informatiounen no ginn et an der ITM esou vill Covid-positiv getest Persounen, datt am "service réduit" muss geschafft ginn.
Den Aarbechtsminister Dan Kersch huet dës Informatiounen eis géintiwwer confirméiert a preziséiert, datt d'Aarbechte vun der ITM awer weiderginn, mä an engem Nout-Service.
Dat heescht, datt d'ITM z.B. bei Aarbechtsaccidenter weiderhi funktionell ass a mat Beamten da sur place ass.