
D'Cité Policière "Grand Duc Henri" läit um Territoire vu Sandweiler. Béid Komplexer, déi elo zu engem grousse Police-Siège ginn, sinn iwwert de Sous-Sol um Niveau vun de Parkinge mateneen verbonnen.
Am Komplex B, deen elo bäikaf gëtt, soll ënnert anerem och den neie Police-Labo amenagéiert ginn.
An der zoustänneger Chamberkommissioun, wou de Méindeg de Mëtteg de Gesetz-Projet vun der Vergréisserung vun der Cité Policière analyséiert gouf, goung och rieds iwwert Alternativen zum deiere Kafe vu Bürosgebailechkeete fir de Staat. Pisten, déi ugeschwat goufen, sinn nei Gebaier op Terrainen ze bauen, déi ewell dem Staat gehéieren an d'Delokaliséiere vu Verwaltunge baussent d'Stad-Gebitt.