
Deemno fuerdert den SEW laangfristeg Perspektiven a méi Transparenz an Éierlechkeet vum Educatiounsministère, fir op déi kritesch Lag an de Grondschoulen am Land ze reagéieren. Andeems de Ministère refuséiert hätt, éierlech an oppen ze kommunizéieren, wier d’Vertraue vun Elteren an Enseignanten nohalteg zerstéiert.
All Moie misst den Ament wéinst de ville coronabedéngten Ausfäll kuerzfristeg improviséiert ginn. Déi sanitär Mesurë wieren antëscht just nach “Fassad a blannen Aktionismus”. D’Infektiounskette géife scho laang net méi retracéiert ginn. An d’Prozedure wieren net ëmmer ganz kloer. Vill Schüler wieren dëst Schouljoer wochelaang a Quarantän oder am Homeschooling an et wier elo schonn ofzegesinn, datt dee ganze Programm kaum bis guer net ze packe wier. Et misst ee kucken, wéi een déi Kanner, déi am meeschten ënnert der Pandemie gelidden hunn, adequat ënnerstëtzt.
Bei de Loftfiltere géif een eng inakzeptabel Zwouklassegesellschaft an de Schoulen erliewen. Do, wou de Ministère nach ëmmer refuséiert op dee Wee ze goen, hätten antëscht eenzel Gemenge selwer d’Initiativ ergraff. Den SEW/OGBL hat scho virun engem Joer d’Installatioun vu Loft-Filteren an de Klassesäll gefuerdert.
D’Enseignantsgewerkschaft bedauert och, datt d’regional Direktiounen den Eescht vun der Situatioun schéngs net erkannt hunn. Si géife weider refuséieren, fir pedagogesch ausgebilte Personal, dat an den Direktioune vill mat administrativen Aufgabe chargéiert ass, an der aktueller kritescher Phas um Terrain agesat gëtt, fir d’Enseignanten an de Gebaier z’ënnerstëtzen.