
Rieds ass vun enger neier Reklamm vun der Brasserie Nationale fir alkoholfräie Béier, an där mat Clichéen a Stereotyppe geschafft gouf. Dat wier einfach net méi zäitgeméiss, sou d’Kritik vu ville Säiten.
Voller Stereotyppen a kloer sexistesch - esou beschreift d’Joëlle Letsch vum nationale Fraerot d’Reklamm vum neien alkoholfräie Béier: “Am visuelle gi Männer duergestallt mat muskuléisen Äerm, d’Frae mat engem High-Heel a laange Fangerneel. D’Bild bei de Fraen huet e rouden Hannergrond, dat vun de Männer e bloen. Dat si Biller déi mer aus der Vergaangenheet kennen, déi aus dem leschte Joerhonnert sinn.”
Där Meenung ass och d’Isabelle Medinger vun der CLEP, der Lëtzebuerger Ethikkommissioun am Beräich Publicitéit. Hei géifen onnéidegerweis Stereotyppe benotzt ginn, déi net zäitgeméiss wieren an d’Fraen duerchstellen, wéi wann se ëmmer just laang, rout Neel hätten an ëmmer mat Tallekeschong ronderëm géife lafen. D’Situatiounen, an deenen d’Männer duergestallt ginn, wieren dogéint vill méi variéiert. Si betount, datt déi Reklamm géint hire Code de Deontologie geet, an deem et ënnert anerem ëm Diskriminatioun geet, mee och ëm d’Diversitéit vun de Rolle vun den zwee Geschlechter. An do wier een hei kloer contraire zum Code de Deontologie. Et misst een net ëmmer direkt plakeg Frae weisen, fir datt et fraefeindlech ass. Och déi latent Uspillunge géife schonn duergoen. Et wier absolut keng Diversitéit vun de Rolle vun den zwee Geschlechter an dëse Reklammen zréck ze fannen.
Vläicht wier et eng bewosst Provokatioun, seet d’Isabelle Medinger vun der CLEP, déi sech net wierklech erkläre kann, wisou hautdesdaags nach mat sou Biller geschafft gëtt. Och fir de nationale Fraerot gëtt et keng plausibel Erklärung dofir. Fir d’Line Wies vun der feministescher Plattform JIF beweist d’Pub, datt et 2026 nach ëmmer Leit ginn, déi mengen, datt ee mat Sexismus kéint Sue verdéngen, nom Motto “Sex Sells”. An der Vergaangenheet wieren esou Reklamme vill am ëffentleche Raum ze gesi gewiescht. Antëscht zwar manner, mee op där anerer Säit wieren sou Biller an de Soziale Medien awer leider nach ëmmer omnipresent.
Et dierft een de Rôle vun esou Reklammen awer och net vergiessen. De Marketing an d’Reklamm kéinte Stereotyppe verschäerfen a confirméieren, mee och komplett entschäerfen, seet nach d’Line Wies vun der JIF. Et géif awer vill dobaussen iwwer Stereotyppen diskutéiert a sensibiliséiert ginn, begréissen déi dräi Fraen. Och an dësem konkrete Fall hätte vill Leit - Fraen a Männer - dorop reagéiert an domat gewisen, datt se sech net mat deene Biller identifizéieren, an dat wier positiv.
Op Nofro bei Munhowen, déi fir d’Campagne responsabel sinn, krute mer e schrëftleche Statement, an deem et heescht, datt et ni hir Intentioun gewiescht wier, Mënschen ze jugéieren, ze klasséieren oder hinnen eng Wäertung no hirem Konsumverhalen ze ginn. Si entschëllegen sech dofir, datt Visuellen deelweis vu Leit anescht wouer geholl goufen, wéi si dat wollten, a géifen se esou wäit wéi méiglech och adaptéieren.