
Ech si méi ewéi enttäuscht iwwer d'Direktioun vum Groupe Saint-Paul. Dat sot den Aarbechtsminister Dan Kersch en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber. Den CSV-Deputéierte Marc Spautz hat eng Fro gestallt iwwer d'staatlech Hëllefe fir d'Lëtzebuerger Press, déi schonn emol besser Zäiten erlieft huet.
De Marc Spautz hat sech do virop fir d'Hannergrënn vun den 71 Entloossunge beim Groupe Saint-Paul interesséiert, wou den neien Haaptaktionär, den hollännesche Groupe Mediahuis heescht. Dovun ass jo och ee vum Marc Spautz senge Parteikolleege betraff. An zwar de Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet. Deen hat duerch seng Funktioun 40 Stonne politesche Congé. Doduerch gouf säi Patron integral rembourséiert, d'Charge patronale inklusiv. An awer gouf de Journalist entlooss. Dat wär kee gutt Zeeche fir d'Gemengepolitik, esou de Marc Spautz. An den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch huet him Recht ginn.
Den Dan Kersch: "Den Här Spautz huet sech virdru ganz diplomatesch ausgedréckt. Ech halen dat, an ech soen dat och hei, fir eng Provokatioun vis-à-vis vum gesamte Gemengesecteur. Eng Provokatioun vis-à-vis vun alle Leit, déi sech hierginn, fir sech an der Lëtzebuerger Gemengepolitik ze engagéieren an ech wäert alles maachen, fir déi Jurisprudenz ze ënnerstëtzen. An am Fall wou d'Gerichter dat géingen als legal erklären, sinn ech perséinlech der Meenung, datt mir legal mussen nobesseren, an déi Leit besser schützen, déi bereet sinn, fir sech am Déngscht vun der Allgemengheet an der Politik anzesetzen."
Och d'Froe ronderëm de Kollektivvertrag bei Saint-Paul am Kader vun den 71 Entloossunge wäerte wuel um Aarbechtsgeriicht gekläert ginn, sot den Dan Kersch. Den LCGB hätt him géintiwwer gesot, dat juristesch klären ze loossen. Hie géif d'Gewerkschaft bei der Demarche ënnerstëtzten.