
Effektiv huet et am Haff vum Atelier gebrannt. Eng hëlze Palette an ee Podest waren op onbekannt Manéier ugefaangen an ugebrannt ginn.
Wéi d'Police präziséiert, gouf d'Feier wuel e Samschdeg den Owend geluecht ginn. Glécklecherweis hätten d'Flamen net op d'Nopeschhaiser iwwergegraff.
Op Uerder vum Parquet gouf d'Spuresécherung op d'Plaz geschéckt. Brandstëftung gëtt deemno net ausgeschloss. Eventuell Zeie solle sech um 244404500 mellen.