CGDIS & PoliceSiwe Joer ale Jong um Vëlo ugestouss - Auto war net richteg ugemellt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg sinn op de Stroossen eng Rei Leit bei Accidenter blesséiert ginn. Dorënner och ee siwe Joer ale Jong zu Bieles.
© Samu / Domingos Oliveira

Zu Bieles gouf ëm kuerz no 17 Auer en Donneschdeg e siwe Joer ale Jong ugestouss a blesséiert. D’Kand war den Ament vum Accident um Vëlo ënnerwee. No éischter Hëllef op der Plaz koum d’Kand an d’Spidol. Der Police no gouf d’Kand liicht blesséiert. Bei enger Kontroll vum Won, deen am Accident bedeelegt war, koum eraus, datt den Auto net richteg ugemellt war. Den Accident gouf zu Protokoll geholl.

Géint 17.30 Auer sinn zu Kielen an der Rue de Olm zwee Autoen net laanschtenee komm. E Chauffeur ass liicht an de Géigeverkéier gefuer, an d’Chauffesch vum entgéintkommenden Auto konnt der Kollisioun net méi aus dem Wee goen. D’Police huet op der Plaz festgestallt, dann de Chauffeur ze vill gedronk hat. Den Accident gouf zu Protokoll geholl, mee de Fürerschäi gouf net agezunn. Déi blesséiert Chauffesch gouf vun de Secouristen op der Plaz soignéiert.

Tëscht Nacher a Wolz ass géint 21 Auer och e Motocyclist vun der Strooss ofkomm an an engem Gruef gelant. Do ass hien géint zwee Beem gefuer, déi laanscht d’Strooss stoungen. No éischter Hëllef op der Plaz gouf de Motocyclist an d’Spidol bruecht.

Zu Esch goufe quasi zäitgläich zwou Persoune bei engem Scootersaccident blesséiert. Beim Iwwerhuelen hat de Chauffeur d’Kontroll iwwer d’Gefier verluer. Hi goufe mat Schréipsen un de Been fir eng Kontroll an d’Klinik bruecht.

Zu Wolz ass géint 22.15 Auer och an der Route de Noertrange e Motocyclist mat sengem Scooter gefall a gouf liicht verwonnt. No enger éischter Kontroll koum hien an d’Spidol.

Géint 9.30 Auer e Freideg de Moie krute sech tëscht Gréiwemaacher an dem Potaschbierg en Auto an e Bus ze paken. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO