
Géint 1 Auer an der Nuecht hat et zu Wecker geknuppt, wou een Auto an eng Mauer gerannt war. Véier Persoune goufe beim Accident blesséiert. Ambulanze vu Mäertert, Iechternach, Jonglënster an der Fiels waren do, genee wéi ee Samu aus dem Zenter. Géint 7.25 Auer gouf et op der A3 a Richtung Metz eng Kollisioun tëscht enger Rei Autoen. Zwou Persoune goufe blesséiert an zwou Ambulanzen aus er Stad waren op der Plaz.
An der Nuecht op e Sonndeg huet d’Police iwwerdeems nach véier Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn. D’Automobiliste ware Schlaangelinne gefuer, hu rout Luuchten ignoréiert oder sinn op sos eng Aart a Weis am Stroosseverkéier opgefall. Dräi weider Permise waren no Alkoholkontrollen zu Bartreng a Stroossen fort.