
Gemellt goufe se vun Dippech, Sandweiler, aus dem Zenter vun der Stad, Hollerech an dem Lampertsbierg. Zu Uewerkäerjeng gouf et direkt zwee Abréch.
En Donneschdeg den Nomëtteg gouf an der Stad an der Rue de Bonnevoie op der Héicht vun der Passerelle dann och nach hir Täsch geklaut. Den Täter huet sech a Richtung Verluerekascht duerch d’Bascht gemaach. Hien ass ronn 40 Joer al, eng 1,80 Meter grouss an hat e Baart. Nieft enger schwaarzer Jackett hat hien nach eng schwaarz Mutz, schwaarz Turnschlappe vun der Mark Nike an eng schwaarz Box un.
En Donneschdeg den Owend gouf an der Rue de la Montagne zu Déifferdeng ee jonke Mann beklaut, dat géint 20 Auer. Zwee Onbekannter haten him seng Kopfhörer ouni Kabel ofgeholl. Béid Täter sinn op Vëloen a Richtung vun der Rue St. Nicolas fortgefuer. Och si waren alle béid schwaarz ugedoen an hate Masken un.
Kuerz viru Mëtternuecht ass der Police zu Keel an der Rue de Dudelange een Auto opgefall, deen am Duerf ze séier ënnerwee war, d’Automobilistin krut d’Uweisung, stoen ze bleiwen. Amplaz sech drun ze halen huet si dunn awer hir Luuchten ausgemaach an huet sech d’duerch d’Bascht gemaach. D’Police ass mat bloe Luuchten a Sireenen hannendru gefuer. Den Auto konnt kuerz drop ugehale ginn. Den Alkoholtest huet bei hir ausgeschloen, esou datt si hire Fürerschäi misst ofginn. En Donneschdeg den Owend gouf et dann och nach zwou Alkoholkontrollen, dat zu Biissen an zu Luerenzweiler. 332 Automobiliste misste blosen, och ouni Unzeeche vun Alkoholafloss. A véier Fäll war d’Resultat vum Test positiv, ee Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn.