
Den LCGB zeechent een däischtert Bild vum Lëtzebuerger Gesondheetssecteur. Zanter Jore géing ee Mëssstänn am Gesondheetssecteur bekloen, ouni datt d’Politik reagéiert. An dat obwuel déi zoustänneg Ministeren d’Reprochë mol guer net kontestéiere géingen. Dat hätt sech d’lescht Woch bei enger Entrevue mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert an dem Minister vun der Sécurité Sociale Claude Haagen gewisen. Dobäi wieren d’Probleemer dréngend. Dem LCGB-President Patrick Dury no gëtt et beispillsweis eng Penurie bei de Medikamenter: “Mir kréien ëmmer méi Réckmeldungen, datt Medikamenter hei am Land feelen. Datt esouguer Leit gesot kréien, ma wann der et hei am Land net kritt, da gitt Iech an d’Grenzregioun, a Frankräich oder wou och ëmmer, mat eiser Verschreiwung dat Medikament hei sichen. Dat ass eppes wat u sech net zoulässeg ass, wat u sech schlëmm ass a mir verstinn dat net. Mä mir kréien do bis haut keng zefriddestellend Äntwert.”
Grond wier e Problem bei der Tarifikatioun. Vill Medikamenter kommen iwwer d’Belsch an de Grand-Duché. Ma d’Prozedur bei eisen Nopere gouf digitaliséiert a Lëtzebuerg huet dowéinst keen direkte Lien zum belsche System méi. Och beim Contrôle médical géing d’Kromm an der Heck leien. Zanter 2015 wieren eng Rei Salariéen, déi vum Aarbechtsdokter krank geschriwwe goufen, vum Contrôle médical vun der Sécurité sociale als generell aarbechtsfäeg agestuuft ginn. Dat hätt dozou gefouert, datt déi Betraffe weder eng Plaz sichen nach eng Indemnitéit ufroe konnten. Well d’CNS déi Suen och retroaktiv net ausbezuele wollt, hate verschiddener vun deene betraffene Leit geklot a kruten an allen Instanze Recht. Ma dem Generalsekretär adjoint vum LCGB Christophe Knebeler no hätt d’CNS dat einfach ignoréiert:“D’CNS huet et bis Mëtt Oktober dëst Joer carrement refuséiert, dat sou ze maachen. Wéi mir si domat konfrontéiert hunn, ass eis einfach gesot ginn, si hätte fonnt datt deen Arrêt u sech net relevant wier. Dat ass wuertwiertlech sou gesot ginn: “net relevant”. Dat heescht et ass net relevant, wa Geriichter Decisiounen huelen, virun allem wa se dann am Interêt vun den Assuréë sinn.”
Dat hätt sech eréischt geännert, wéi de Claude Haagen op Drock vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond intervenéiert ass.
E weidere Kritikpunkt war, datt et keng national Strategie bei der Digitaliséierung géing ginn. Och un der Vitesse géing et happeren. D’Agence eSanté wier zwar schonn zanter 2012 operationell, hätt awer nach net vill Opweises. De Christophe Knebeler, wërft der CNS doriwwer eraus vir, datt si de private Projet vun enger App, déi vun den Doktere lancéiert gi war, bewosst sabotéiert hätt: “Dee Moment wou dee Projet sech méi konkretiséiert huet, ass jo eng App vun der CNS lancéiert ginn, wou da komescherweis de Fournisseur, deen déi App do developpéiert huet, dat ass dee selwechte Fournisseur, deen déi digital Programmer an de Cabineten sollt ëmsetzen, fir datt d’DHN sech do connectéiere kann. Dat heescht do ass dann och quasi hannenerëm Sabotage gemaach ginn, fir datt dee Projet net sollt ëmgesat ginn a fir datt déi CNS-App sollt kommen. Mä déi CNS-App ass och kee Succès well déi Wéinegst benotze se.”
Schliisslech kritiséiert ee beim LCGB d’Zesummesetzung vun der Nomenclature, also dem Katalog vun de Medikamenter a Servicer, déi rembourséiert ginn. Bei der Nomenclature vun den Zänndokteren hätt een ee Retard vun op mannst 40 Joer. Déi Verbesserungen, déi 2016 an 2017 decidéiert goufen, géingen zu näischt féieren. Op de Remboursement vun der Osteopathie géing een iwwerdeems zanter 2017 waarden. An datt ee bei der Unerkennung vun der Psychotherapie lo schonn an enger zweeter Mediatioun ass, géing weisen, datt d’Prozedur fir eng Verännerung vun der Nomenclature vereinfacht misst ginn.