
Den Ament zirkuléiert an de soziale Medien e Video, an deem e Mann behaapt, d’Arméi hätt perséinlech Donnéeë vun him iwwer d’Plattform MyGuichet ofgefrot. Och um Messaging-Board Reddit gouf e Post publizéiert, an deem den Auteur behaapt, dass d’Arméi iwwer MyGuichet op säi perséinlechen Dossier zougegraff hätt.
RTL huet doropshi bei der Arméi nogefrot, wat d’Arméi an de perséinlechen Dossiere vun de betraffene Persoune géing kucken a firwat dat géing gemaach ginn.
E Freideg am fréien Owend huet den Etat-major vun der Arméi dann an engem Communiqué Explikatiounen an dëser Saach kommunizéiert.
Deemno wier et aktuell eng Fuerderung vun der Arméi, dass e sougenannten SAP-System agefouert gëtt. D’Ofkierzung SAP steet dobäi fir “Systems, Applications and Products”. Et géing sech dobäi ëm eng integréiert Verwaltungssoftware handelen. Dës géif d’Zentraliséierung, d’Veraarbechtung an d’Organisatioun vun administrativen an operativen Daten erméiglechen. Weider heescht et am Schreiwes, datt d’Arméi d’Aféierung vun esou engem System géing verlaangen, well dësen et hir géing erlaben, hire Verflichtungen am Beräich vun der Dateverwaltung bannent dem gesetzleche Kader nozekommen. Den SAP-System soll de System mam Numm “GIAL” ersetzen, deen d’Arméi bis ewell genotzt huet.
An deem Kontext deelt den Etat-major da mat, dass de 16. Mäerz 2026 eng Veraarbechtung vu persounebezunnen Donnéeë vun aktiven a fréieren Arméismembere stattfonnt huet. Dat fir sécherzestellen, dass den SAP-System sécher funktionéiert. Deemno wier et zu enger automatiséierter Offro an zu engem Import vun den Donnéeën aus dem Registre national des personnes physiques (RNPP) komm. Aus engem technesche Point de vue wier dës Demarche eng Offro a géif dowéinst bei MyGuichet och als esou eng registréiert.
Dës Demarche hätt dann och keng Auswierkungen op déi concernéiert Persounen oder hir Donnéeën. Et géife keng rechtlech oder administrativ Konsequenze kommen an et géif och keen individuelle Suivi vun eenzele Persoune gemaach ginn. Et géing sech hei ëm en techneschen an administrative Virgang handelen, bei deem sech un d’Bestëmmungen a Saachen Dateschutz gehale gi wier.
D’Veraarbechtung vun den Donnéeën hätt e legitimmen a kloer definéierten Zweck gehat. D’Migratioun an d’Fiabilitéit vun den Daten am Kader vun der Aféierung vum SAP-System wier séchergestallt ginn. Ausserdeem wier dës Demarche néideg gewiescht, fir d’Kontinuitéit an d’Integritéit vun de Verwaltungsakten och fir déi fréier Membere vun der Arméi kënnen ze assuréieren, sou dass d’Arméi méigleche Verflichtungen am Beräich vum Personal-Management, zum Beispill bei de Pensiounen, kéint nokommen.
D’Veraarbechtung vun den Donnéeën hätt ausschliisslech aktiv a fréier Membere vun der Arméi betraff a wier am Respekt vum RGPD a vum nationale gesetzleche Kader geschitt.