De Maacher Wäimoart ass déi éischte Geleeënheet, fir den neie Cru ze schmaachen. 40 Wënzerbetriber a Kellereie si bei der 94. Editioun present, d’Visiteuren hunn de Choix tëschent 450 verschiddene Wäiner a Cremanten. Fir d’Monique Hermes (CSV), Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher, ass et en Héichpunkt am kulturelle Liewe vun hirer Stad: “De Wäimoart ass den zweeten Nationalfeierdag zu Maacher. Dat musst Dir Iech bewosst sinn!”
Mee d’Gewunnechte vun de Clienten hu geännert. Si gi manner Sue fir Genossproduiten aus, wunnen an Appartementer ouni gëeegent Lagerméiglechkeeten oder wëlle generell manner Alkohol drénken ... D’Zuele schwätzen eng kloer Sprooch. Déi lescht Jore goung d’Pro-Kapp-Consomatioun hei am Land ëm ronn 10 Prozent zeréck. Dat ass ee weltwäiten Trend, Lëtzebuerg mécht do keng Ausnam.
Vereenzelt Miseler Wënzer reagéieren dofir mat alkoholfräie Wäiner. Esou kéinte si op Phänomener wéi den “Dry January” reagéieren, wéi de Privatwënzer Mathis Bohnenberger erkläert. Nach kann een awer net vun engem grousse Trend schwätzen. Vun de 450 Prouwen hei um Wäimoart sinn der nëmme ronn eng Dosen alkoholfräi. Och d’Domaines Vinsmoselle stelle fest, dass d’Demande no alkoholfräie Variante wiisst, mee mat engem Undeel vun engem Prozent un hirer Gesamtproduktioun géif et en Nischeproduit bleiwen.
En Nischeproduit, deen och e bëssen aneschters schmaacht wéi de klassesche Wäin. D’Wënzer probéieren, dat mat neien Techniken ze verbesseren. De Jean-Marc Schlink, dee viru fënnef Joer als éischte Lëtzebuerger Wënzer en entalkoholiséierte Wäin ugebueden huet, huet d’lescht Joer op en neit Verfaren ëmgestallt. De Wäin kéint doduerch méi dréchen ausgebaut ginn an de fäerdege Produit wier méi “wäineg”.
Mee vill Cliente bleiwe skeptesch, fräi nom Motto “wa scho Wäin, da richtege Wäin”. Wäin ouni Alkohol, dat schéint grad hei op der Musel och eng Glawensfro ze sinn. D’Haushärin am Centre Culturel Machera huet eng kloer Meenung: “Ech perséinlech kann net gutt Wäin ouni Alkohol drénken an och net Crémant ouni Alkohol. Mee ech mengen, mir liewen an enger fräier Gesellschaft. Da muss een de Choix loossen. Mee et däerf een de Wäin als Naturprodukt a kengem Fall verdamen. Net jiddwereen, dee gäre säi Pättche Wäin drénkt, ass och nach en Alkoholiker. Dat si falsch Clichéen. Dat fannen ech net an der Rei.”
Och wa manner Wäi gedronk gëtt, soll op der Musel d’Kultur vum Wäibau weider gefleegt ginn. Dozou gehéiert och déi national Strategie fir de Wäintourismus hei am Land z’entwéckelen. Den DP-Tourismusminsiter Lex Delles kéint sech beispillsweis Iwwernuechtungsgeleeënheeten an de Wéngerte virstellen. Domadder sollen d’Wënzer och Perspektive gebuede kréien, fir mat esou touristeschen Offeren eventuell Aboussen an hirem Kärgeschäft ze kompenséieren.