Wäisst HausD'Melania Trump weist all Verbindung zum Jeffrey Epstein zeréck

RTL Lëtzebuerg
Op enger Pressekonferenz zu Washington sot si, datt jiddwer Versuch, si mam Epstein ze verbannen, vun elo un soll ophalen.
© MANDEL NGAN/AFP

Zousätzlech huet si gefuerdert, datt déi Iwwerliewend vum Epstein-Sexhandel vum Kongress solle gehéiert ginn.

D’Rumeuren, datt den Epstein si mam Donald Trump bekannt gemaach hätt, huet si als “gemeng Versich, menger Reputatioun ze schueden“ zréckgewisen.

Si huet ënnerstrach, datt si ni vum Epstein victimiséiert gi wier: “Ech hat ni Wëssen iwwer Mëssbrauchsfäll. Ech war ni involvéiert an ech war net bedeelegt.”

Et ass den Ament net kloer, op wat si genee uspillt oder firwat si grad haut reagéiert.

Back to Top
CIM LOGO