
Kuerz no 21 Auer gouf der Police e Méindegowend gemellt, datt Leit op der Stater Gare agresséiert a beklaut goufen. Dräi jonk Persoune ware vun engem Grupp, och Jonker, ugegraff ginn. Engem vun den Affer gouf dobäi säi Smartphone geklaut. Am Kader vun enger Sichaktioun konnten e bëssi méi spéit zwou verdächteg Persoune lokaliséiert ginn. De Parquet gouf informéiert an et gouf eng Plainte gemaach.