Tëscht 2013 an 2019SNHBM a Fonds du Logement hunn 1.594 Wunnengen op de Maart bruecht

RTL Lëtzebuerg
Dat äntwert de grénge Wunnengsbauminister Henri Kox dem ADR-Parlamentarier Roy Reding op eng parlamentaresch Fro.
© RTL (Archiv)

Tëschent 2013 an 2019 huet d’Société Nationale des Habitations à Bon Marché 943 Wunnengen op de Marché bruecht, bei 771 gouf via d'Emphytéose verfuer. 116 Wunnenge goufe verlount a 56 där Logementer sinn nom Gebrauch vun engem Réckkafrecht weiderverkaaft ginn. 2013 koumen 79 Unitéiten op de Maart, 2019 waren et der 232.  Um 31. Dezember 2019 hat d’SNHBM an hirem Patrimoine 262 Wunnengen, déi an der Locatioun sinn

De Fonds du Logement dann huet am genannten Zäitraum 651 Wunnengen op de Maart bruecht. Um Enn vum leschte Joer hat de Fong knapp 2.000 Unitéiten an der Locatioun, donieft goufe bis haut 1.670 Unitéiten verkaf an eng 500 Wunnenge si fir de Staat oder aner Institutioune gebaut ginn.

PDF: Déi parlamentaresch Fro mat der Äntwert

Back to Top
CIM LOGO