
Wéi d'Liewensmëttel matdeelt, géif et a 6 Soja-Zoosse vun der Mark "Suzi Wan" bei verschiddene Produiten e Risk vu Glasstécker ginn, déi sech am Contenu befannen. Sollten dës kleng Stécker ofgeschléckt ginn, riskéiert een, sech intern Verletzungen zouzezéien. Dës Zoosse sollen a sëllege Supermarchéen an aner Verkafsplazen an der Vente stoen.
Sollt een ee vun de genannte Produiten, wéi ënnen detailléiert beschriwwen, besëtzen, gëtt natierlech geroden, d'Zooss net ze consomméieren.