Beidler a JonglënsterSolarinitiativ vun RTL Group an Enovos: Gréissten zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
7.300 Modulle kommen op Jonglënster, esouguer 16.100 op Beidler.
Eric Golinelli, Solar Project Manager bei Enovos, Anouk Hilger, Head of Renewable Energies Luxembourg bei Enovos, und Eugène Muller, Head of Technical Services & Transmissions bei BCE (vu lénks no riets).

Vun der Gréisst hir ass et eng Première zu Lëtzebuerg: op den RTL-Sitten zu Beideler a Jonglënster entstinn zwee grouss Solar-Felder, mat engem Energie-Volume vu 7.000 Megawatt-Stonnen d'Joer. Hannert dem groussen Solar-Projet steet den RTL-Group a Partnerschaft mat Enovos.

Déi zwee Solar-Felder gi komplett um Buedem tëscht de Pottoe vun den Emetteuren montéiert, an dëser Envergure ass dëst eng Première am Land.

De Chantier vun der Installatioun huet elo ugefaangen a soll am Januar d'nächst Joer ofgeschloss sinn.

Zu Jonglënster ginn eng ronn 7.300 Solar-Moduller installéiert, zu Beidler sinn et et souguer 16.100, d'ökologesch Stroum-Produktioun entsprécht an der Moyenne dem Joresverbrauch vun engen 1.800 Stéit.

PDF: Pressedossier (de)

Back to Top
CIM LOGO