Majoritéit wëll net ofstëmmenSollen d'Chamberkommissiounen ëffentlech ginn?

RTL Lëtzebuerg
Direkt dräi Resolutiounen an eng Motioun haten déi Gréng an déi Lénk en Donneschdeg an der Chamber abruecht.
© SIP/ Julien Warnand

Dorënner dat alt Gespenst: D’Iddi, fir d’Chamberkommissiounen ëffentlech ze maachen. Dat huet nawell fir e bëssen Theater um Krautmaart gesuergt, sou datt den neie Chamberpresident Claude Wiseler direkt Geleeënheet hat, ze weisen, wien de Chef ass.

Déi Resolutioun, fir d’Chamberkommissioun ëffentlech ze maachen, esou de Marc Spautz vun der CSV, “ass ganz sympathesch, mä ech wollt proposéieren, wann d’Mme Tanson d’Accord ass, datt mer an der Conférence des présidents driwwer schwätzen.

An de Gilles Baum vun der DP huet gewarnt, datt net alles kéint ëffentlech sinn: “Ech mengen, datt mer an der Conférence des présidents wierklech mussen definéieren, wat dossiers sensibles ass” an datt “Beamten exposéiert ginn, wa mer eng Live-Iwwerdroung maachen.

De Pirat Sven Clement huet drun erënnert: “Mir stëmme se mat, well mer se schonn eng Kéier matgestëmmt hunn.” Nämlech wéi déi nämmlecht Iddi vun der CSV koum. “Déi souguer Verbatim bal dat nämmlecht ass.”

An et wier d’DP, déi “an deem doten Dossier mat zwee Féiss op der Brems stoung déi lescht dräi Joer am Büro. An ech fannen et dofir net verwonnerlech, datt d’DP haut erëm éischter fir Intransparenz Lobbyaarbecht mécht, wéi fir richteg Transparenz.

Dat wollt den DP-Fraktiounsspriecher Gilles Baum net op sech setze loossen. “Also dat do geet awer net. Wat ass dann hei d’Wouerecht. Ech hunn Iech zwee Argumenter gesot, déi fir eis wichteg sinn.” Dës Interventioun huet de Chamberpresident kuerz kommentéiert: “Här Baum, Dir musst fir d’éischt d’Wuert froen, éier der ufänkt ze schwätzen.”

Huet de President Claude Wiseler mol direkt d’Jalone gesat, ma d’Resolutioun gouf dann awer no uewe gereecht. Genee wéi déi iwwert eng Reform vum Statut vun den Deputéierten. Déi ass dem Sven Clement no “Ganz sympathesch”. An och d’Taina Bofferding vun der LSAP sot: “Mir fannen déi Motioun hei ganz sympathesch.

D’Resolutioun vun déi Lénk, fir d’Chamber un der nationaler Reunioun iwwert d’Kris um Bau an am Logement ze bedeelegen, gouf ofgeleent. De Marc Spautz war der Meenung, datt: “Esou sympathesch déi Iddi och ass, datt et net de Moment ass, fir dës Resolutioun unzehuelen, sou datt mer se géingen ofleenen.” D’CSV an DP-Deputéiert wëllen also fräiwëlleg net matschwätzen.

Back to Top
CIM LOGO